

Generalversammlung vun der AMAM,
Sonndes den 28. Abrëll 2019
Nach virun der eigentlecher Generalversammlunghuet de Mario Chiapolini, Directeur opérationnel vun der CMCM, als éischte Gaaschtriedner d’Entwëckelung vun der CMCM retracéiert an d’Perspektiven fir Zukunft opgelëscht.
De Gaaschtriedner, den Här Chiopolini vun der CMCM
Am vergangene Joër hat d’CMCM en Zouwuess vun 1500 Memberen. Aktuell si ronn 265.000 Leit an der CMCM affiliéiert. Wat de Budget ugeet, huet d’CMCM am leschte Joër en Exedant vun 10 Milli-oune gemaach. Dësen Exedant soll vun 2020 un zum Deel via nei Prestatiounen zréck un d’Membere goen.
De President vun der AMAM mécht Generalversammlung 2019 op
Um 3 Auer huet de President d’Generalversammlung mat engem häerzlechem Wëllkomm un d’Memberen an d’Invitéen opgemaach. No enger Gedenkminutt fir onse verstuerwene Grand-Duc Jean an ons Memberen déi eis am Laf vum leschte Joer verlooss hunn, huet de Sekretär Emile Lucas säi leschte Rapport gemaach:
Onse Comité hat an der leschter Aarbechtsperiode 7Komiteessëtzungen. Vertrueden war eis Associationam Mee 2018 op der Cérémonie um Kanounenhiwwel beim Besuch vum hollännesche Kinnekspuer, am Juni 2018 ware mir op der Assemblée Générale vun der CMCM vertrueden, esou wéi op der Informatiounsversammlung vun der FNML am Bezuch op dat neit Gesetz iwwert d’Sécurité Sociale dat am Laf vum Joër an der Chamber wäert ofgestëmmt ginn. Am selwechte Mount hu mir un der Aweiung vum Monument Nationale de la Shoah an der Stadt deelgeholl. De 23. Juni ware mir op de Cérémonien vum Nationalfeierdag an der Philharmonie a bei der Militärparade dobäi. Am September hate mir eng Informatiounsversammlung bei der CMCM. Am Oktober ware mir op der Journée de Comémoration Nationale an op der Assemblée extraordinaire vun der CMCM vertrueden. Am Dezember ware mir mat der FNML zesummen fir iwwert dat neit Gesetz betreffend d’Protection des Données an iwwert de Fond de Placement vum FNML ze schwätzen Am selwechtem Mount ware mir um Night Vigil zu Befort dobäi. Am Februar 2019 hu mir um Comémoratiounsdag vun der Amicale Sachsenhausen-Oranienburg deelgeholl. An den 3. Februar 2019 ware mir mat 80 Leit op „d’Militär- und Blasmusikparade” op Köln.
De President seet dem Emile Lucas Merci fir seng gutt Aarbecht an de Vice-President iwwereecht der Madame Lucas e Bouquet Blummen fir hier Ënnerstëtzung. De President iwwereecht dem Emile Lucas e Kado a seet him villmols Merci fir seng gutt a präzis Aar-becht wärend de leschte 5 Joer a bedauert datt hien als Sekretär démissionnéiert.
Am Numm vum Keessier Romain Bonne, dee net konnt dobäi sinn well en haut säi langjährige Chef, de Grand-Duc Jean, op sengem leschtem Wee vu Bierg an de Palais iwwerféiert, iwwerthëllt de Président d’Charge fir de Keesserapport ze maachen.
Esou wéi de President un Hand vun den Zuelen demonstréiert ass eis Keess gesond, obschonns mirwährend dem leschte Joer 32 „Indemnités de décès”ze bezuelen haten. Esou wäert awer och fir d’Joër 2019-2020 d’Cotisatioun di selwecht bleiwen. Vu datt di lescht Erhéijung awer scho bal 10 Joër zrëck läit, wärte mir fréier oder spéider net lanscht eng Erhéijung vun der Cotisatioun kommen.
D’Keesserevisoren Fernand Froehling an Edmond Muller bestätegen, datt alles uerdnungsgemäss ver-bucht gouf a proposéieren dem Keessier d’Décharge ze ginn, wat dann och „par acclamation” vun alle Membere geschitt.
Och d’Décharge vum Comité gëtt eestëmmeg par acclamation vun alle Memberen bestätegt, grad ewéi d’Ophuelen vun den 39 neie Memberen. De Presi-dent mécht duerno drop opmierksam datt mir eng Rei vu Memberen, déi hire Beitrag zënter méi wéi 2 Joer net bezuehlt hunn, aus dem Veräin ausgeschloss hunn a bei der CMCM ofgemellt hunn.
Bei der statutarescher partieller Wahl von engem Drëttel vun de Comitésmemberen ginn de Romain Hilger an de François Koos nees vun der Assemblée confirméiert. No der Démission vum Emile Lucas bleiwe 4 Plazen am Comité fir de Moment onbesat.
Als zweete Gaaschtriedner geet de Raymond Wengler,
President vun der FNML, ënnert anerem op de Sënn an den Zweck vun de Mutuellen a vun der Federatioun an, a bedauert datt hautdesdaags d’Begeeschterung fir enger Mutuell bäizetrieden net méi ganz grouss ass. Hien erënnert och drun datt et d’Mutuelle waren déi d'CMCM gegrënnt hunn an domadder ville Lait an der Nout gehollef hunn. An et ass wéinst de Mutuellen hire Verdëngschter, datt sech d'CMCM haut finanziell esou gutt steet, esou datt se lafend nei Leeschtungen ubidde kann.
Hien geet och kuerz op de Projet „Fond de Placement de la FNML” an, wou an Zukunft all d’Mutuellen d’Méiglechkeet wäerte kréien en Deel vun hire Fongen zënsebréngend z’investéieren.
Als nächste Punkt um Ordre du Jour stong d’Iwwer-reechen vun de Medaillen fir 30 Joer Memberschaft an der AMAM. 25 Membere waren agelueden fir geéiert ze ginn, leider hunn et der nëmmen 5 et derwäert fond d’Medaille z’empfänken. Et woren dëst: den Yves Dostert, de Pierre Miccolis, de Patrick Nachiareti, de Marco Diederich an de François Koos (par rachat).
Ons 3 „Réviseurs de caisses” erkläere sech bereet hiert Mandat ëm e weidert Joër ze verlängeren.
An onse langjähregen Fähnerech, de Josy Kontz, kritt nach eemol vum President Merci gesot fir seng beispillhaft an exemplaresch Aarbecht, déi d’Assem-blée mat engem waarmen Applaus fir hien ënnersträicht. Well den Här Paschtouer Alhonse Lichter eis e spontanen Don vun 100 € mécht, gëtt hien op Propositioun vum President zum Membre Honoraire vun der AMAM ernannt.
Zum Ofschloss vun der Versammlung schwätzt de President nach säin zukünftegt Bestriewen un, fir mat aneren Mutuellen, patrioteschen Associatiounen an Amicalen Joint Ventur’en ze kréieren fir esou zesummen méi staark ze ginn, eng besser Visibilitéit ze kréien an de Memberen méi bidden ze kënnen. Hien hofft op dës Art a Weis d’AMAM als „Mammenorganisatioun” z’établéieren vun all deenen déi ierjendwann am Liewen d’lëtzebuerger Arméisuniform unhaten, an hinnen an hire Familljen a Frënn eng Platz ze ginn wou se sech zesummen kënne fannen fir intergenerationnell Komerodschaft an d’Vermëttelen vun Traditiounen a Wäerter vun der Force Armée an der Dynastie ze erhalen, ze erliewen an ze vermëttlen.
Text: Rol Girres a François Koos. Fotoën: Kevin Girres
Composition du Conseil d'Administration session 2019
Président:Roland GIRRES Tél.: 621 196 781 rolgires@pt.lu
1. Vice-Président: Léon SUNNEN
2. Vice-Président: François KOOS
Secrétaire: Romain HILGER
Trésorier: Romain BONNE
Porte-drapeau: vacant
Membre associé: Mike THEISEN
Membre associé: Guy THILLMANY
Membre coopté: François PILOT
Membre coopté: Joseph BREDIMUS
Membre coopté: Paul REISER
Contrôle caisse: Fernand FROEHLING
Contrôle caisse: Edmond MULLER
Contrôle caisse: Pierre BACK